Alus Beerpong 2.0
Zalit, Leif Memberen,
Ob den groussen Succès vun dem leschten Tournoi organiséieren mir eisen Béierpong dann nach eng kéier, just am méi groussen Styl! Dir sidd all invitéiert den 13 Mäerz an den Barco Latino (Presqu’ile Malraux 67000 strasbourg) fir spillen ze kommen.
Dat ganz fänkt um 19:30 Auer un, an et gëtt an 2er Equipe gespillt, pro Equipe mussen 30 Euros bezuelt ginn (15 Euros op de Kapp). Sidd w.e.g. all Pünktlech, fir dat ma kennen mat Zäiten ufänken.
Umeldungen lafen wei ëmmer iwwert d’Inscription Facile ënnert dësem Link:https://www.inscription-facile.com/form/knNMiznqNKKf2a994fEM
D’Equipe (dh just een aus dem Team brauch sech unzemellen) kann sech ab den Freiden 2 Mäerz um 13:00h umellen.
Wann der awer net matspillen kennt mellt iech weg mat enger Mail un olivier@alus.lu ODER dem Olivier Boussong ob Facebook oof.
D’Platzen sinn op 30 begrenzt, déi lescht Editiounen waren se ganz séier fort, dofir maacht iech séier bei!
Mat beschte Gréiss,
Aeren Comité <3
Peniche
Lieu : Barco Latino
Adresse : Presqu’île André Malraux
Ville : Strasbourg
Quartier : Quartier Krutenau
Département : Bas-Rhin
Région : Grand Est
Pays : France
Aucun commentaire sur cet évènement,